AAL - Welcome
Moon Phase below
Tip: EN LU
Wa Fändelen uewen lenks am Eck sin kann een d'Sprooch wielen
  EN LU

Astronomes Amateurs du Luxembourg a.s.b.l.

« Mir bréngen Iech d'Stäre méi no ! »

Eise Club as 1971 vun e puer enthusiastesche Stärefrënn gegrënnt ginn an huet haut iwwer 130 Memberen. Hobby-Astronomen äus dem ganzen Land kommen op eis Beobachtungsowender oder an eis Clubsëtzungen.

D'Astronomie, déi viru villen dausend Joer äus der Observatioun vun den Himmelskierper entstanen as, huet sech säitdeem a verschidden Déelberäicher wéi z.B. Planetologie, Astrophysik oder Kosmologie, weiderentwëckelt.
Dëst reflektéiert sech och an den Interessen vun eisen Clubmemberen. Verschidenner begeeschteren sech fir d'Stärekonstellatiounen an d'Planéiten, anerer zéien et vir, an den Déiwten vum Universum no Galaxien an Niwwelen ze sichen.
Vill vun eise Memberen hunn duefir hirt eegent Beobachtungsinstrument, siew et een Teleskop oder e Feldstiecher. Eis Aae sin och een exzellent optescht Instrument, mat dem schons villes beobacht ka ginn.

D'Haaptuleies vum Club as et de Leit d'Astronomie méi no ze bréngen. Duefir organiséieren mir Aféierungscoursen an de Schoulen a maache Beobachtungen mat Teleskopen uechtert d'Land.

Virun Äonen sinn an de Stären d'Elementer fir d'Bausteng vum Liewen entstanen. Mir hun eréischt ugefangen ze verstoen, wéi eise Sonnensystem sech geformt huet, an ganz wäit dobäussen, tëschent de Galaxien as nach vill Onbekanntes z'entdecken. Vill Froe waarden op eng Äntwert.

An eisem Club si Fraen a Männer aus allen Altersgruppen, déi bestriewt sin, Iech op Är Froen zur Astronomie eng Äntwert ze gin.
Dir kënnt eis schreiwen oder eis eng E-Mail schecken. Dir kënnt eis awer och ënnerem Stärenhimmel treffen oder an eis Clubviirträg kommen. Et si kengerlee Viirkenntnisser erfuerdert.

D'Astronomen denke visionär a mir hunn d'Visioun vun engem nationalen astronomesche Beobachtungs- an Schoulungszenter! Firwat net een Observatoir mat engem Planetarium zu Lëtzebuerg? Mir hunn d'Realisatioun vun esou engem Zenter zu eisem Ziel gemaach a mir versichen d'Leit an de verantwortleche Positiounen vum Sënn an der Noutwendegkeet vun desem Ziel z'iwwerzeegen.
Wann Dir méi wëllt wëssen zou dësem oder engem aneren astronomeschen Thema, da kënnt Dir eis besichen op enger vun de Sëtzungen äus dem Programm, deen Dir op dëser Homepage fand.

Mir bréngen Iech d'Stäre méi no !

D'Virtréi sinn op lëtzebuergesch!

Club Neiegkeeten


Eis Bibliotéik

Lëscht mat astronomesche Bicher déi eis Membere kënnen ausléinen:
No Thema: PDF File Download (360KB)
No Titel : PDF File Download (640KB)
(Merci un de Pierre Kelsen!)

Beobachtungsowender fir AAL Memberen

Mir treffen eis all 1.Samsden am Mount fir ze beobachten. Treffpunkt as um 20:00 um Parking op der Gare zu Dippach-Gare.. Vun hei aus fuere mer op eis Beobachtungsplaaz. Hei clicken fir de Plang (370 KB)!

E Buch fir Kanner iwwer d'Astronomie op Lëtzebuergesch vum Jeanny Jungbluth an Nicolas Feierstein!

staerenhimmel.bild

E Buch fir Kanner iwwer d'Astronomie op Lëtzebuergesch, fir d'Welt vun de Stären op eng lëschteg, amusant a kreativ Manéier kennen ze léieren!
Mat Musek a Gesang, mat klenge Geschichten a mat e puer Basteluleedungen.

19,90 € An de Librairien. D'Buch gëtt géint e Virement op de Kont vu saint-paul luxembourg bei der Spuerkees LU61 0019 1300 6666 4000 ouni Portoskäschten heemgeschéckt. (w.e.g. Titel uginn) Download PDF: hei 129 KB.

Archiv

Artikel iwwer d'AAL am "Le Quotidien" vum 21. Juli 2005 - PDF File Download (132KB)

Résumé vun der astronomescher Videoshow vum 5. März 2005 op Aluedung vun der ALUC am Centre Convict. Download (op däitsch): Word Doc (325 KB) hei , PDF (195 KB) hei

Wou mir ze fanne sinn:

AAL Siège Ecole Brill
100, Rue Norbert Metz
L-3524 Dudelange

Boite postale 1711
L-1017 Luxembourg

CCPL: IBAN LU08 1111 0460 1133 0000 oder:
BILL: IBAN LU22 0026 1173 2160 0000

Memberkäschten pro Joer: 15 €

Friday, 29 Mar 2024
Internet Time: @057
AAL Logo
Printer printer friendly
SOME LINKS

+ Current Comets
+ IRIS - Astronomical images processing software
+ NASA Phoenix Mars Lander
+ CONCAM/The Night Sky Live
+ Aktuelle Himmelsansicht
+ NASA Watch - Columbia Archives
+ Carolyn Porco: Keeping an Eye in Saturn
+ Space weather servers: forecast links
+ AAL Special Topic Venus Transit
+ Hot Shots from SOHO

  -->  more links...

WEATHER

The AAL is not responsible for the content of external internet sites!
Another Forum
...................
Back to top
Counter
©2001-2024 Astronomes Amateurs du Luxembourg, asbl.
Layout & Programming by: J.M. Roth |  Coordination & Astronomical Content by: J. Steinberg